E Veräinwou Generatiounen zesumme musizéieren an nach villes méi
D’Garnecher Musek ass e Museksveräin, den aus de Wuerzelen vun enger Pompjeesfanfare entstanen ass, a suergt zanter 1919 an der Gemeng Garnech, sou wéi och auswäerts op Concerten a Fester fir eng besonnesch musikalesch Ënnerhalung a gutt Stëmmung.
Eisen Orchester, zesumme gesat aus ronn 50 Musikantinnen a Musikanten, ass eng Generatiounsmusek déi um Programm eng breet Gamme vu Genren opféiert, mat deene mir versiche jiddwereen ze erreechen. Donieft bréngt eisen zweeten Orchester, mam Numm «Garnecher Jongbléiser» jonk Leit zesumme fir ze léiere mateneen ze musizéieren an sech individuell musikalesch ze entfalen.
Niewent dem Engagement an der Musekswelt, organiséiere mir och aner Evenementer, esou wéi eist berühmt Hamefest oder eisen «Fänk der eng Hax» Owend. Außerdem spillt eis motivéiert Theaterekipp och all Joer ee lëschtegt Theaterstéck, wou si hiert Kënnen ënner Beweis stellen a fir gut Stëmmung wärend den Owender suergen.



Nächst Evenementer
Verpasst net eis nächst Rendez-vous'en.
Gala Concert 2026
Fréijoersconcert vun der Monnerecher Musek
bis Sonnden 10. Mee 2026
Jongbléiserstage
bis Sonnden 31. Mee 2026











